Session beim Mouer

Elektronesch Musek ënner fräiem Himmel


Mouer4


Samschdes, 8. Juli 2006

De Gast an den Änder hun invitéiert op eng Session mat musique planante, live gespillt um Terrain vum Betzder Mouer.
Géint 21h00 wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck.

Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen.

Mouer3

Ausser Musek gëtt näischt gebueden!
Gedrénks kann een mattbréngen, Entrée libre, just cool floating music a fräier Natur, mat stimuléierender Beliichtung.

Parking op der Wiss niewendrun. Open End, oder bis mer kee Sprit méi am Aggregat hun...

Wann den Dag schlecht Wieder sollt sin, kann d'Session kurzfristeg ausfaallen, duerfir léiwer virdrun uruffen.


Sou gesäit ëtt op der Plaatz aus:

Mouer1 Mouer2


De Wee op Betzder:

Lëtzebuerg - Autobunn Tréier - Sortie Flaxweiler - duerch Fluessweiler - um Banzelt rechts - op der Haaptstross dann lénks op Betzder

oder:

Lëtzebuerg - Sennéngerbierg - Nidderanven - Ruedt - durch Banzelt - op der Haaptstross dann lénks op Betzder

Dikkrech - duerch d'Fiels - Jonglënster - Rodenbourg - Ouljen - Betzder

Hei eng Vue vum Duerf:

Betzder_Loftbild.jpg


Galerie Session Mouer 2006

Back to Main Page


contact Gast

contact Änder

last update: January 25th 2008