Synthie-Session zu Betzder op der Wiss

Elektronesch Musek fräi improviséiert


Samschden, 21. Juni 2008 zu Betzder


De Gast an divers Synthesisten invitéieren op eng Session mat musique planante, live gespillt mat Synthesizeren, Gitar a Flute, op enger Wiss zu Betzder, genannt Laach, niewent der Velospist.
Am spéiden Nomëtteg wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck.

Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen.

Ausser Musek gëtt näischt gebueden!
Gedrénks kann een mattbréngen, Entrée libre, just cool floating music, mat stimuléierender Beliichtung a psychedeleschen Projektiounen.

Parking op der Wiss, gezeechent. Open End.

Fotos-Galerie

Listen to the recorded music from this event

Back to Session Page



contact Gast

last update: October 30th 2008