Synthie-Session zu Betzder am Institut St. Joseph

Elektronesch Musek fräi improviséiert


Samschden, 2. Februar 2008 zu Betzder


De Gast an divers Synthesisten invitéieren op eng Session mat musique planante, live gespillt mat Synthesizeren, Gitar a Flute, am neien Festsall vum Institut St. Joseph zu Betzder.
Am spéiden Nomëtteg wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck.

Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen.

Ausser Musek gëtt näischt gebueden!
Gedrénks kann een mattbréngen, Entrée libre, just cool floating music, mat stimuléierender Beliichtung a psychedeleschen Projektiounen.

Parking direkt niewend dem Sall. Open End.


Betzder_Institut1.jpg

Vue vun uewen. Opgepasst, dëss Foto ass relativ aal. Di faarweg Gebaier sin nach nëtt gebaut!


M_Sall_Betzder_6229_1.jpg

Entrée vun der Stross, déi vun der N1 op Betzder geht.

M_Sall_Betzder_6226_1.jpg

Entrée vum Sall op der rietser Säit.


Fotoen vum Steve 2008

Fotoen vum Gast

Listen to the recorded music from this event: klick

Back to Main Page


contact Gast

last update: October 30th 2008