OpenAir Synthie-Session
Elektronesch Musek ënner fräiem Himmel |
---|
Freides, 3. August 2007De Gast an divers Synthesisten invitéieren op eng Session mat musique planante, live gespillt mat Synthesizeren a Gitar op enger Wiss zu Betzder.Géint 21h00 wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck. Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen. |
Ausser Musek gëtt näischt gebueden! Parking op der Wiss niewendrun. Open End. Wann den Dag schlecht Wieder sollt sin, kann d'Session kurzfristeg ausfaallen, duerfir léiwer virdrun uruffen. |
Sou gesäit ëtt op der Plaatz aus:
vun Betzder op Bierg, dann beim Cegedelsmast riets eran op de Veloswee | Direkt virum Silo riets eran an d'Wiss fueren an do lénks hannert dem Silo parken | |
---|---|---|
De Wee op Betzder:Lëtzebuerg - Autobunn Tréier - Sortie Flaxweiler - duerch Fluessweiler - um Banzelt rechts - op der Haaptstross dann lénks op Betzder oder: Lëtzebuerg - Sennéngerbierg - Nidderanven - Ruedt - durch Banzelt - op der Haaptstross dann lénks op Betzder Dikkrech - duerch d'Fiels - Jonglënster - Rodenbourg - Ouljen - Betzder Hei eng Vue vum Duerf: |
Foto aus Google Earth |
---|
|
All tracks live recorded, no preparations, no overdubs. All tracks are in AAC coding (as used in iTunes) at 128 k. One minute corresponds to one Megabyte.
|
contact Gast
last update: August 3rd 2012 |
---|