Synthie-Session zu Berdorf

Elektronesch Musek fräi improviséiert


Samschden, 2. August 2008 zu Berdorf an der Breechkaul


De Gast an divers Synthesisten invitéieren op eng Session mat musique planante, live gespillt mat Synthesizeren, Gitar a Flute, am Amphitheater Breechkaul zu Berdorf.
Am spéiden Nomëtteg wärte mer ufänken, mee mir sin och schons éischter do fir opzeriichten an de Soundcheck.

Ett gëtt Musek am Genre "Berliner Schule", fräi improviséiert, an onmoosseg laang Stécker. Mir hun eng anstänneg Beschallung, ouni natiirlech Kaméidi ze maachen.

Ausser Musek gëtt näischt gebueden!
Gedrénks kann een mattbréngen, Entrée libre, just cool floating music, mat stimuléierender Beliichtung a psychedeleschen Projektiounen.

Grousse Parking ganz no, gezeechent. Open End.


Fotos-Galerie

Listen to the recorded music from this event

Back to Main Page


contact Gast

last update: October 30th 2008